News

Tour de Luxembourg

  • China_2010__1479a
  • parlementaires_scouts_052011
  • _IMG_8962

An der Päischtvakanz sin traditionnel vill Scoutpscampen uechter d’Land an d’Federatioun huet dervunner profitéiert fir op Besuch bei ons Groupen ze goën. Rendez-vous wor Paischtméindeg moiëss um 08h30 beim Home Heintz van Landewyck an der Hollerechstrooss. Et ass idealt Campingswierder.

Etape 1: Letzebuerg-Mondorf: visite vum Comité vun de Munnerefer Mais déi ee Gedrenksstand um Stroossemaart hun an dun bei d’Wellefcher a bei Scouten op de Camp beim Waaserbaséng zu Munneref. De Felix Baskewitch ass de Chef de Camp, si wore grad faerdeg mat Kaffi drenken.

Etape 2: Mondorf- Kuelbecherhaff: eng phantastesch Plaaz fir ee Scoutscamp. Et ass de leschten Daag vun der Meute an der Troupe vun den HOGA. Mettes ginn et nach Campingsnudelen (mat de Reschter vum Camp zielt den Chef de groupe ons), d’Zelter gi gebotzt an ofgerappt. Et ass dem Jeff säi Formatiounscamp. D'Wellefcher schaffen un hire Badger.

Etape 3: Kuelbecherhaff – Kaalber bei de Roude Milan. Leider konnte mir si net fannen.

Etape 4: Kaalber – Weicherdeng bei d’Greng Scouten. Si sinn zu 70 Scouten (LX,SC, EX) an 40 Grizzliën. Dat sinn déi iwwer 26 Joer seet de Rudy ons. Et ass Familjendaag, si sinn haut zu iwwer 200 an et get Pasta; mir si frou dat di Gréng ons invitéieren mat hinnen z’iessen. Dem Yves Gaffinet weisst ons de ganze Camp: den Explorer hir Sauna, de Grizzli hir Zelter mam echte Perser drann, di professionnel Kichen ... si sinn mat der semi-remorque vun Diddeleng erop komm, hire Paischtcamp dauert och baal eng ganz Woch.

Etape 5: Weicherdeng – Misaershaff: zwou Mécken op ee Schlag –D’Peaux-Rouges an d’Loups blancs organiséieren hire Camp um FNEL’s Site. D’Loups blancs fierwen t-Shirts mat Batik a bastelen ee sauflotte Campingstull dee mir gläich benotzt hunn. Mir ginn direkt commande op esou ee Stull fir den Entréeshall vum neie Siège um Fetschenhaff. D’Peaux-Rouges sinn zu 70 um Camp, di grouss an den Zelter, di kleng an den Dortoirs. Et ass eng bomme Stemmung no enger weller Waaserscluecht bei den Indianer vun Diddeléng. De Bus kennt di kléngst vun hinne sichen, d’Beaver sinn elo schons 2 Nuechten vun doheem fort, dat geet duer fir si.

Etape 6: Misaershaff – Miersch. Di Bouneweger Lions bleus campéieren um Terrain de Loutres. Si hunn de Profi-Kach derbäi. An enger riiseger Paan ginn e puer Kilo gebootschte Gromperen preparéiert, an enger aanerer d’Koteletten ugebroden. Ons Photograph de Christoph knippst e puer Biller vun de Scouten beim Volleyball, an den Zelter, ...

Etape 7: Miersch – Rollengergronn. D’Aigles campéieren bei hirem prächtege Chalet op der Ginz. De Felix riicht en héijen Tuurm mat senge Scouten op an d’Wellefcher feieren de Gromperepuree eran.

Etape 8: Rollengergronn – Hollerecherstrooss, de Sprint: no 250 km, mat Opfkiirzungen iwwert Feldweeër si mir neess doheem ukomm. De Georges, d’Laure, de Marc, de Christoph a Pit hun den Tour de Luxembourg gepackt. Mir woren iwerall wellkomm a konnten ons ee ganzt positivt Bild iwwert ons Groupe maachen.                           obv

Weider Photoën vum Christoph fannt dir an onser Photosgallery.

  • China_2010__1479a
  • parlementaires_scouts_052011
  • _IMG_8962
  • 2012-05-28_HOGA
  • China_2010__1479a
  • parlementaires_scouts_052011
  • _IMG_8962