ROVER

 

18-26 Joer

 

"SERVIR"

All Scout iwwert 18 Joer ass Rover. Gläichzäiteg kann en och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Rover organiséieren sech an Clan’en. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechten Grupp, déi e Clan forméieren. Clan’e si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hiere Program selwer.

D’Rover kënnen esouwuel hiere Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ennerstëtzen, ewéi och selwer Projet’en op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.

D’Roverbranche mécht d’Transitioun zum Erwuesseginn an ënnerstëtzt di jonk Fraen a Männer an der leschter Phase vun hierer Integratioun an eng Erwuessenegesellschaft. Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.


Eis Aktivitéiten

BONNE ACTION

Hei handelt et sech em di bekannte BA. Dës gëtt an alle Branche gemaach, a bei de Rover ass si sécher en haapt Pilier.
All Clan ka seng gutt Aktioune selwer definéiren. Heizou zielt alles vun der Bëschbotzaktioun bis zur grousser Tafelrenovatiouns-aktioun an Tanzania, oder engem service volontaire bei eiser ONDG am Nepal. Egal, wéi keng, egal wéi grouss, BA ass BA an dat ass de (gudde) Geescht vun der Roverbranche.

DÉI GROUSS BA, DÉI MER ALS ROVER VUN DER FNEL ELO SCHO SÄIT ETLECHE JOERE MAACHEN ASS D’KACHE BEI DER CHRËSCHTFEIER VUN DER STËMM VUN DER STROOSS.

REESEN A KULTURELLEN ECHANGE:

Reesen an interkulturellen Echange gi bei de Rover groussgeschriwwen. Dat ka jiddereen individuell oder awer am Clan maachen. Am beschte geet dat natierlech op den internationalen Aktivitéiten a Campen:

  • JAMBOREE: beim gréisste Scoutscamp vun der Welt, deen all 4 Joer statt fënnt, kanns du als Rover als International Service Team oder als Chef matgoen.
  • Rovermoot: ass quasi de Jamboree fir Rover
  • Roverway: ass de Camp fir Rover um europäeschen Niveau. Hei ginn et och nach eng Retsch aner europäesch Aktivitéiten
  • Service Volontaire bei der ONGD FNEL.

TRADITIOUNEN A FEDERAL AKTIVITEITEN

Nierwt eiser gemeinsamer BA an den INTERNATIONALE RENCONTREN, gëtt et bei de FNEL Rover nach e puer nei an al Traditiounen. Dozou gehéiert vrun allem den HUNT-IT, also wat bis viru kuerzem nach de Raid war, de Roverquiz an natierlech d’Participatioun um Pow-Wow.