SCOUT'S BA VUM JOER

Superscout-crop.jpg

BA VUM JOER

2017-2018

Den 20. Dezember invitéiert d’FNEL all Cheffen a Frënn vun der FNEL op de Wantermaart am Park um Fetschenhaff. D’Bonne Action gehéiert zu de Scoute wéi Kniet, Campéiren oder Feier maachen.

Als Première um Wantermaart zeechne mir di bescht BA vum Joer 2018 aus, d’Wiel ass dëst Joer op de Tanzania Projet vun onse Rover gefall. Vum 21. Juli bis den 05. August waren 11 Rover vun der FNEL an Tansania ënnerwee fir e Projet, deen 2015 mat Tafelen usträichen ugefaangen huet, weider ze féieren. 49 Scouten aus Tansania hu sech engagéiert fir mat eis zesummen ze léieren, ze erliewen an ze plangen. Coursen ewéi First Aid, General Scouting, International Scouting, Environnement Awareness, Constructiouns, Fire Cooking an vill méi stoungen um Programm. Gedold, enormen Team-Geescht a vill Fläiss war am Asaz, fir all Challenge entgéint ze wierken. Och huet e Solarprojet stattfonnt, wou deene jonke Scouten a Cheffen d’Manipulatioun vu Solartäscheluuchte bäibruecht gouf. Hei fannt dir mi en ausféierleche Rapport vum Scoutscamp an Tansania, dee vun der ONGD-FNEL finanziell ënnerstëtzt gouf : http://ongd-fnel.lu/index.php/fr/


Claudine SCHEECK