ONGD FNEL SICHT E PROJET MANAGER SENSIBILISÉIERUNG

(CDD 11 Méint)

Als Deel vun engem Sensibiliséierungsprojet fir Entwécklungshëllef, deen am Joer 2019 stattfanne wäert, sicht d'ONGD-FNEL en

Projet Manager Sensibiliséierung (CDD 11 Méint)

De Projetsmanager/d'Projetsmanagerin Sensibiliséierung (Hallefzäit, 20 Stonnen/Woch) soll dëse Projet Sensibiliséierung 2019 vun der ONGD-FNEL ëmsetzen (ënner der Bedéngung dass en akzeptéiert gëtt fir d'Kofinanzéierung vum Aussen- an Europaministere-MAEE). Hien/Hat ass Kontaktpersoun fir all Sensibiliséierungsaktiounen, déi de Projet Sensibiliséierung 2019 beinhaltet a schafft enk mat der Koordinatorin, dem Verwaltungskomitee an der Kommissioun Sensibilisatioun an hirer Verantwortlecher zesummen.

Haaptaufgaben vum Projet Manager Sensibiliséierung

 Ëmsetzung vum Projet Sensibiliséierung 2019 vun der ONGD-FNEL

 Allgemeng Sensibiliséierung vun de Lëtzebuerger Bierger a besonnesch vun de jonke Scouten a net-Scouten) zum Zougang zu Bildung am Nepal

 Entworf vun allen ONGD-FNEL Publikatiounen a Pressematdeelungen iwwert de Projet Sensibiliséierung an däitscher, franséischer a lëtzebuergescher Sprooch.

 Matmaache bei enger Missioun am Nepal

 Organisatioun an Animatioun vun Atelier'en a Sensibiliséierungsaktiounen

 Entwécklung vu Sensibiliséierungsaktiounen (Fotoausstellung, Video, Theateratelier, Nepalkoffer, Sensi-badge, asw.)

 Gestioun vum Internetsite an de soziale Medien iwwer de Sensibiliséierungsprojet

 Relatioun mat de Medien

 Schlussrapport fir de MAEE schreiwen

D'pädagogesch Ziler vun de virgeschloenen Aktivitéite si folgend :

 Lëtzebuerger Bierger a Jonker virwëtzeg maachen an den Interessi erwäche fir d'Chancëgläichheet am Nepal a fir den Zougang zu Bildung an entleeënen ländleche Géigenden

 Hiert Verständnis iwwert Ausbildung am Nepal verbesseren

 Bierger vu Lëtzebuerg a jonk Leit opmierksam maachen op den Zougang zu Bildung fir d'benodeelegt Bevëlkerung


Äre Profil :

 Interesséiert am Beräich vun der Kooperatioun.

 Erfarung am Gebiet vun der Jugend an an der Sensibilisatioun ass e Virdeel.

 Exzellent Schreif- a Kommunikatiounsfäegkeeten an däitsch a franséisch.

 Gudde Sënn fir Synthees an analytescht Denken.

 Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher, däitscher, franséischer an englescher Sprooch, mëndlech wéi schrëftlech.

 Gewënscht ass Erfarung beim Management vu Projet'en am Gebiet Sensibiliséierung a Kommunikatioun.

 Kenntnis vun Outlook, Word, Excel, PowerPoint.

 Gutt Veranlagung fir Equippenaarbecht a Fäegkeet sech enger associativer Dynamik unzeschléissen.

 Mobilitéit - Führerschäin an Auto indispensabel.

 Flexibel punkto Aarbechtszäit- Thema-Owender, Weekend fir Sensibiliséierung.

D'komplett Kandidatur (CV + Motivatiounsbréif) bis spéitstens den 31. Januar 2019 schécken un Nicolas Magnette, President vun der ONGD-FNEL :

 per email un ongd@ongd-fnel.lu mat der Mentioun "CDD-Sensibiliséierung" oder

 per Bréif un 61a Rue de Trèves, L-2630 Lëtzebuerg

Claudine SCHEECK