JOB: D'FNEL SICHT

D’FNEL sicht fir seng Administratioun en

Employé (Fra / Mann) an der Carrière C6 (no CCT SAS) fir 40 Stonne / Woch.

En huet (oder kritt ganz geschwënn) e Bachelor an de « professions administratives » oder « professions socio-éducatives »

Nëmme Kandidature mat engem entspriechendem Diplom ginn a Betruecht gezunn.

De Kandidat muss Franséisch (C2), Lëtzebuergesch (C1), Englesch (B2) an Däitsch (B2) schwätzen a schreiwe kënnen.

Seng Missioun ass – ënner anerem – administrativer Natur: Konventiounen, Finanzen, Kommunikatioun etc op héijem Niveau mat de verschiddenste Partner (FNEL Gruppen, national an international Institutiounen etc ) verstoen a geréieren kënnen.

Donieft soll de Kandidat och en optimistesche Pragmatiker, e perfekten Team-Player, en autonome Project-Manager, a virun allem passionéiert fir Scoutissem sinn. D'Glas (Waasser) ass ëmmer hallef voll an ni hallef eidel fir eise Kandidat.

Mir bidden :

Flexibilitéit, eng villfälteg Aarbecht déi Sënn ergëtt an en Impakt op di Jonk huet, Challengen un deenen ee wuesse kann, eng grouss Autonomie an zäitlech Flexibilitéit.

Mir sichen am Moment intern, well e Wëssen a Praktizéiere vum Scoutissem e groussen Avantage wier.

Wann der interesséiert sidd, da mellt iech fir en informellt Gespréich bis de 24. Juni an der FNEL iwwert : pit@fnel.lu

Claudine SCHEECK