MIR WIELEN EUROPA

Léif Alleguer,

Dëse Sonndeg sinn Europawalen. Well vill vun de Wäerter, op déi Europa ursprünglech gebaut ass, am Ament ënner beschoss stinn, ass et wichteg, dass jiddereen sech iwwerleet wat wielen a fir wat mir als Scouten astinn. 

Dofir huet den Daachverband vun de Guiden a Scouten zu Lëtzebuerg, SIL eng Campagne lancéiert déi d’Wäerter vum Scoutismus rappeléiert an der Hoffnung, dass mer e Sonndeg e gesond, fairt a solidarescht Europa vun der Diversitéit an Toleranz wielen.

Claudine SCHEECK