International Badger

Nieft den nationalen Badger ginn et och international Badger. Engagéier dech och op internationalem Niveau an fann nei Frënn weltwäit oder hannerlooss deng positiv Foussspueren iwwerall um Planéit. Alles wat’s du fir déi verschidden Badger maachen muss fënns du hei.

 
 
 

International Friendship

Critèren:

  • En Owend (Iessen, Kultur, Passport mat Informatiounen, etc.) am Thema vum besichten Land (Um Camp oder schonn doheem) organiséieren

  • Eng international Aktivitéit vun mindestens 3 Stonnen mat engem lokale Grupp organiséieren

  • Eng Mini-Präsentatioun vun ärem Campsite, Kontakter, Ëmgéigend, Méiglechkeeten ronderëm är Campplatz am Ausland eventuell e Kontakt organiséieren

  • Eng Gruppefoto vun deenen 2 Gruppen huelen

  • Weider Ideen kennen déi heiten sinn: Foulardaustausch, Kontakt ënnert de Scouten halen, mat Distanz-Projet, Mailen, Bréiwer iwwert verschidde Branchen, etc.


Footprint

No one can pass through life, any more than he can pass through a bit of country, without leaving tracks behind, and those tracks may often be helpful to those coming after him in finding their way.

Critèren:

  • Informatiounen iwwert den Projet/Land wou et hingeet sammelen an am Grupp/FNEL firstellen:

    • Wat get gebraucht?

    • Wat ass schon do?

    • Relevant fir den eenzelnen? Weieen Beräich gitt der un?

    • Wat soll verännert ginn? Wei stinn déi Lokal zu dëser Verännerung?

    • SWOT Analyse

  • En Plan de Projet opstellen an virstellen (Mindestens 1 Säit).

  • Sech un lokalen Projeten vun dem Grupp oder der FNEL engagéieren.

  • Eng pedagogesch Aktivitéit fir méi jonk Branche plangen.

  • Wärend dem Projet: kleng Mediebericht/Medienpräsenz am Scout, Homepage, Facebook, lokal News.

  • Nom Projet: Feedback mat der I-Ekipp, Rover, ONGD

    • Chancen firstellen

    • Problemer analyséieren

    • Méiglechkeeten fir een méiglechen Suivi vum Projet präsentéieren

    • Perséinlech Entwécklung vun jidderengem an vum Projet virstellen