CHEFFEN

 
 

Der FNEL hir Gruppe gi geleed vu Cheffe vu 16 Joer un.

Chef sinn ass Virbild sinn, dat weiderginn, wat ee vun anere bäibruecht krut, en Deel vun enger éiweger Kette sinn, leeden, ëmmer erëm iwwerrascht ginn, e Liewe laang vu Kleng a Grouss weiderléieren, Responsabilitéit iwwerhuelen an nei Leit kenne léieren, Fehler maachen a Wuessen, sech asetze fir eng besser Welt, Skills entwéckelen…

Ons Cheffe sinn zu 100% benevol a maachen eng Formatioun déi 2 Joer dauert.

Dës Formatioun ass vum Lëtzebuerger Staat unerkannt.