GREEN Labels
GREEN HOME LABEL
de Green-Home-Label, fir ëmweltfrëndlech an nohalteg geréiert Scoutschaleten
Hei soll net nëmmen de Locatiounsresponsabel vum Home sech fir eng nohalteg Gerance asetzen, mee och all eenzele Chef kann a soll, un Hand vu konkrete Beispiller, de Kanner a Jonken d’Wichtegkeet vun der Nohaltegkeet virliewen.
Dëse Label ass 3 Joer gülteg a soll och en Austausch tëschent de Gruppen an hiren Homer fërderen. D’Plattform Home vun der FNEL bitt hei och eng gutt Méiglechkeet fir nei Ideeën an Ëmsetzungsméiglechkeeten auszetauschen.
GREEN EVENT LABEL
De Green-Event-Label, fir all Dëppefest, Scoutskiermes etc wou an der Organisatioun an der Ëmsetzung wäert ob d’Nohaltegkeet geluecht gëtt.
De Green-Event-Label ass fir lokal Eventer vum Grupp oder vun der Federatioun. Esou soll intern an awer och an der Gesellschaft gewise ginn, dass d’Scouten sech och op de Fester fir d’Ëmwelt an d’Natur asetzen an nohalteg plangen a feieren.
GREEN GRUPPE LABEL
de Green-Gruppe-Label, fir Scoutsgruppen déi sech dat ganzt Joer mat Aktiounen oder Aktivitéite ronderëm d’Ëmwelt an de Schutz dovunner beschäftegen.
De Green-Gruppe-Label ass en Challenge, fir als Grupp am Scoutsalldag, an der Gemeng an awer och op Campen bewosst an nohalteg ze plangen an ze liewen.