Wëllefcher

 
Element 1@720x.png

8-11 Joer

 

"MIR DUNN ONS BESCHT"

D’Wëllefchersbranche lieft no der Devise “Mir dinn eis Bescht”, all zesummen an enger Meute, an engem Ruddel, esou wéi och d’Wëllef am Djungel dat maachen.

D’Wëllefchersgesetz an d’Wëllefchersmethod baséieren um Dschungelbuch, mam Mowgli, dee vun de Wëllef opgeholl a groussgezu ginn ass.

De Wëllefchen versprécht, all Dag engem eng Freed ze maachen an huet mat senge 5 Saache bal alles derbäi wat e brauch.

Bei de Wëllefcher liewe mir zesummen am Dschungel, engem tropeschen Bësch, mat ville Planzen. An all eis Bekannt liewen do: d’Wollefsfamill mat hirem Chef Akela, d’Wollefsmamm Rakscha, de schwaarze Panther Bagheera, de brongen Bier Baloo, an déi vill aner….
Am Dschungel ginn et vill Gesetzer, un déi d’Déiren, an och mir, sech sollen halen, fir gutt zesummen ze liewen. Da kann all Mënsch an Déier och zesumme vill bäiléieren a vill Spaass hunn.

Wéi d’Wëllef am Dschungel liewen och d’Wëllefcher zesummen am Respekt mateneen. D’Wëllefchersgesetz hëlleft eis dobäi.

D’Verspriechen, d’Gesetz an d'Devise sollen eis hëllefe besser duerch d’Liewen ze kommen: fir ëmmer ze probéiere säi Bescht ze maachen, ze hëllefe wou ee kann, an sech un d’Gesetz ze halen.


 
2015 castors becours kayak - (INTERNET) ev..jpg

EIS AKTIVITÉITEN

 

Zesummen an der Meute am klenge Grupp, der Sixaine, erliewe mir Aventuren, erfuerschen d’Natur, spillen, hëllefen an hunn zesumme Spaass. Duerch Vertrauen léiert jidderee sech selwer an déi aner kennen a respektéieren. Duerch d’Spill léiere mir zesumme Schwieregkeeten ze meeschteren.


D'DSCHUNGELGESCHICHT

Et war 7 Auer op engem ganz waarmen Owend an de Seeonee Hiwwelen. De Pappa Wollef ass vu senger Mëttesrascht erwächt an huet emol gutt gegaapst. D’Mamm Wollef, d’Rakscha, louch mat hirer groe laanger Nues op hiere 4 Wollefsbouwen drop. De Mound huet an d’Hiel erageschéngt an där se all gewunnt hunn.
Grad, wéi de Pappa Wollef d’Hiel wollt verloosse fir joen ze goen, ass de Schakal, den Tellerlecker, Tabaqui opgedaucht. D’Wëllef veruechten hien, well hie ronderëm leeft an Duerchernee mécht, Klaatsch an Traatsch erzielt a bei d’Leit an d’Duerf op den Dreckskoup klaue geet. Mee wann en d’Fassung verléiert fäerten se en all, dann huet e keng Angscht méi, a bäisst jiddereen, deen ëm iwwert de Wee leeft. Esouguer den Tiger leeft vrun deem mëllen Tabaqui fort. Dee Wahnsinn ass dat uergst wat engem wëlle Wiese ka passéieren. Mir nennen dat d’Tollwut, mee fir d’Déieren ass et den Dewanee.

Weider liesen +

Mat wéineg Begeeschterung léisst de Wollef den Tabaqui an d’Hiel an obwuel de Papp betount hat, dass si keng Reschter hätten, knat de Schakal kuerz drop un der Schank vun engem Bock. E seet Merci, ma ier e ganz fort war seet en nach: “De Shir Khan huet decidéiert säi Juegdrevéier ze verleeën an e wëll di nächst Méint hei joen”. De Shir Khan, ass den Tiger, deen 20 Mäile méi wäit beim Floss wunnt. De Papp war opbruecht. Laut dem Gesetz vum Dschungel, hat den Tiger net d’Recht, ouni Virwarnung, einfach säi Gebitt ze wiesselen. Dem Papp ass et elle ginn ëm säi Fang – grad elo, wou e jo muss fir 2 Joen. D’Rakscha huet e berouegt: De Lungri, also de Schlammen, well den Tiger goung vu Gebuert un op enger Patt schlamm a konnt doduerch nëmme Herdevéih rappen, de Shir Khan, hätt also d’Duerfmënsche vu Wanganga géint sech opbruecht a wäert elo déi bei eis rose maachen. Se wäerten den Dschungel op der Sich no him, duerchfilzen. A wann e wäit genuch fort wier, an d’Gras a brannt gestach gouf da musse mir mat eise Kanner flüchten- Mir sinn dem Shir Khan wierklech dankbar. Den Tabaqui wollt wëssen ob en dat dem Tiger weidersoe sollt, ier e vum Papp vrun d’Dier gekiert gouf. Ënnen aus dem Dall koum en heest Gehuerels, wat näischt anescht war, ewéi dem Tiger säint, deen emol erëm eng Kéier ouni Succès vun der Juegd koum. Mee d’Mamm huet un deem gräisslechen Toun héieren, dass en dës Nuecht e Mënsch géing joen. Dat Gejäiz do, mécht d’Mënschen esou duercherneen, dass se em riit an d’Maul sprangen. Mat Recht huet de Wollefspapp sech doriwwer opgereegt, dass en Déier e Mënsch friesse sollt, well d’Gesetz vum Dschungel verbitt dat ausdrécklech – well en doudege Mënsch heescht automatesch dass di aner mat Gewierer an Elefante kommen, an da muss jiddereen am Dschungel leiden. De Mënsch ass zu deems dat schwächste Liewewiesen, an et wäer immens feig an onsportlech hien unzegräifen. An anscheinend falen dem Mënschefriesser d’Zänn aus. Vu Wäitem hu se héieren, dass den Tabaqui elo beim Tiger ukomm war. An deem Moment raschelt et am Gehecks… De Wollefspapp léisst sech op seng hënnescht Leef nidder a setzt un ze Sprangen. Riit geet en an d’Lut ewéi e Feil a kennt quasi op der nämmlechter Plaz erëm op. “E Mënsch!!!!” käicht en- “E Mënscheklengt” Direkt vrun ëm, direkt virdrun, tëscht dem Geäschts, stoung e klengt brongt plakegt Kand. Et konnt just eréischt Lafen. An dee klenge Plaakert spadséiert einfach Nuets an eng Wollefshiel eran a grinst dem Papp an d’Gesiicht. “Bréng en heihinner. Esou eppes hunn ech nach ni gesinn”, sot d’Rakscha. Si kuckt et un an de Gedanke koum hir, dass et jo éischter eng Raritéit oder esouguer eng Exklusivitéit wier esou e Mënschekand tëscht lauter klenge Wëllef ze hunn… “En huet keen eenzegt Hoer u sech”, sot de Papp, “an ech kinnt e mat enger Beréierung ëmhaen, mee et kuckt mech un, ganz ouni Angscht.” Entretemps war de Shir Khan an der Hielenentree opgedaucht an hannendrun den Tabaqui. En huet seng Beut gesicht, mee de Papp wousst, dass d’Hielelach ze kleng wier fir e sou e groussen Tiger. Ageklemmt tëscht de Schëllere stoung en nawell zimlech topesch do. Dem Tiger säi Gegröls huet wéi Donner duerch d’Hiel gerubbelt, wéi d’Mamm du riicht a seng Richtung spréngt: “D’Mënschekand gehéiert mir, Lungri! Et soll liewen a mam Ruddel joen; an um Enn, du Memm, du Fänkert vu klenge plakege Kanner, du Fräschfréisser, um Enn, wäert d’Menschekand dech joen. An elo kuff d’Schmull, huel deng Been an de Grapp a kuck dass de fort kënns.” Géint eng rose Mamm kënnt een net un, duecht den Tiger klevererweis. Hannerrécks wackelt en aus der Hiel eraus a grommelt: “all Hond billt bei senger eegener Hütt. Mer wäerte jo gesi, wat de Ruddel zu deem Mënschejong ze soen huet. Dat Stéck Kand, wäert nach tëscht mengen Zänn landen, dir wuschelschwänzeg Gangsteren.” Der Mamm an dem Papp war kloer, dass si dat Mënschejonkt dem Ruddel misste presentéieren. Mee d’Rakscha hat sech schonn an dee klenge verkuckt: “Keng Angscht, klenge Fräsch – well esou heeschs du vun haut un, Mowgli, de Fräsch”. Et steet klib a kloer am d’Dschungelgesetz geschriwwen, dass all Wollefskand, esou bal et op sengen eegene Féiss ka stoen, dem Ruddelrot muss presentéiert ginn. Normalerweis ass en Treffe vun deem Rot ee mol de Mount bei Vollmound. Esou kënnen di aner Wollefskanner, déi nei kenne léieren an erëm gesinn. No der Inspektioun gi si da vum Ruddel opgeholl… Wéi d’Bouwe bis konnte lafen hunn d’Elteren si an de Mowgli mat bei de Rootsfiels op d’Ruddeltreffe geholl. Jidder Wollefsfamill stellt do seng Kleng an der Mëtt tëscht de Fielsbléck vir. An da rifft den Akela: “Dir kennt d’Gesetz, kuckt gutt, dir Wëllef”. Wéi et u senger Zäit war, stupst de Papp de Mowgli an d’Mëtt wou e sech am Laachen op de Buedem fale léisst a mat de Kisselsteng spillt. Den Akela huet d’Kand eréicht bemierkt, wéi de Shir Khan vun uewe bierelt et géing him gehéieren. Wat dann e Mënschekand mat de Wëllef ze dinn hätt???- D’Dschungelgesetz seet och, dass wann d’Opnam vun engem jonken Déier a Fro gestallt gëtt, 2 Membere vum Ruddel da musse fir dat Jonkt antrieden. An dat dierfe weder Mamm nach Papp sinn. D’Rakscha huet sech schonn op dat Schlëmmst agestallt gehat, wéi et vun hannen op eemol déiw gebrummt huet. Et war de Baloo. De bronge Bier – Hien ass deen eenzeg Friemen, deen am Ruddelrot toleréiert gëtt. Hie ka kommen a goe wéi et him passt, well hie frupst nëmmen Nëss an Wuerzelen an Hunneg. Esou grunzt en: “Ech schwätze fir d’Mënschekand. Loost et am Ruddel lafen, huelt et mat deenen aneren op. Ech selwer wäert säi Léiermeechster sinn. Deen deet dach kenger Méck eppes. Mee et huet awer nach di 2. Stëmm gefeelt. Op eemol ass e schwaarze Schied an de Kreess gefall. Dem Bagheera säin, dem schwaarze Panther. Deen ass schlau wéi den Tabaqui, king ewéi e wëlle Büffel an esou ouni Angscht ewéi en Elefant. Mee seng Stëmm ass esou douce, wéi wëllen Hunneg, dee vun de Beem drëpst a säi Pelz esou mëll ewéi Daunen. De Bagheera huet de Baloo ënnerstëtzt drann de Mënschejong a Ruddel ze akzeptéieren. En huet d’Decisioun méi einfach gemaach, wéi en nach e frëscht Véih als Merci derbäi offréiert huet. “Kuckt gutt, kuckt gutt, dir Wëllef,” huet den Akela gebillt. De Mowgli war nach ëmmer mat de Kisselsteng beschäftegt an huet net wierklech matkritt, dass ee Wollef nom aneren en ugekuckt huet. Du si se all erof an den Dall, bei dem Bagheera säi versprachend Véi gesprongen. Just den Akela, Bagheera, Baloo an dem Mowgli seng Famill sinn do bliwwen. De Shir Khan huet nach ëmmer ewéi e mëllen duerch d’Nuecht gebierelt. “Brëll du nëmme weider”, sot de Bagheera. “Den Dag kënnt, wou dat klengt plaakescht Déngen hei dech an enger anerer Tounaart brëlle wäert doen, oder ech verstinn näischt vu Mënschen.” Den Akela sot zum Papp: Huel en an erzéi en esou, wéi et sech fir ee vum fräie Vollek gehéiert- An esou ass de Mowgli an de Seeonee Wollefsruddel opgeholl ginn. Do huet hie vill Aventure mat senge Bridder a senge Léiermeeschter erlieft. Bal esou, wéi bei de Scouten an de Wëllefcher.