Auris
e Berodungsgservice vu jonke Scouten fir jonk Scouten !
Auris-wat ass dat ?
Auris ass en anonymen Email-Austausch.
Du kanns alles wat dech belaascht eraschreiwen. Op der anerer Säit setze Jonker, déi genausou al si wéis du an deng Suerge verstinn an eescht huelen. Si äntweren dir op deng Noriichten a gemeinsam tausch der iech aus an iwwerleet wat dir hëllefe kéint. Opgepasst: Auris ass net mat enger Therapie ze verwiesselen!
Weini soll ech AURIS schreiwen?
Hues de Suergen, Ängschten oder Gefiller déi däin Alldag belaaschten? Du muss net eleng mat hinne bleiwen! Schreif der alles vun der Séil. Mir lauschteren der no a kucke gemeinsam mat dir wéi een déi Suerge lass gëtt. An dat Bescht: Et ass Anonym & op Aen Héicht.
Mir si jonk Scouten esou wéis du!
Du bass net eleng!
Hei drënner op dem mauven Button hues du schonn verschidden Helplines wou’s du dech melle kanns wanns du Hëllef sichs!