WE MONTEE

Fir all Grupp d'Méiglechkeet kënnen ze ginn un enger erfahrungsraicher an coopérativer Montée deelzehuelen an Owes eng Spirituell Veillé mat (oder ouni) Verspriechen ze maachen, organiséiert de Programm zesumme mat der ATH-Equippe e Montésweekend.

Dir kënnt äere ganze Grupp oder och just eenzel Branchen umellen. D'Montée start Gruppeweis Samstes, de 6. Oktober 2018 ab 14:00 Auer um Cents. Je no Gréisst vum Groupe dauert d'Montée eng gutt Stonn. Déi genau Auerzaite mam Planing kenne mer reicht plange wann mer d'Zuel vun den Interesseierte/ Participants kennen. No äerer Umelldung kritt dir dës matgedeelt. Owes fënnt dann zesummen eng gemeinsam Veillée statt wou dir och d'Méiglechkeet hutt äert Verspriechen mat de neie Biber, Wëllef, Scouten an Explorer ze maachen.

Schloofplaze (Zelt oder grousse Sall) sinn méiglech zur Verfügung, dir musst awer net do schloofen a kënnt den Elteren Owes scho rendez-vous ginn fir nees Heem, oder an ärem Home (oder engem aneren Home) schloofen. Fir déi Gruppen déi um Cents wéilte schloofen bidde mir moies nach de Kaffi un a Proposéieren een Trëppeltour duerch d'Stad, deen dir mat äere Cheffen oftrëppele kënnt.

Preis pro Persoun: 12€ :Montée , Owesiessen, Veillée & Kaffi

8€ : Montée, Owesiessen, Veillée

(Ze iwwerweise Gruppeweis - no der Confirmatioun vun der Umellung)

Wann dir Interesséiert sidd un dësser Aktivitéit deelzehuelen, da mellt Iech op office@fnel.lu (provisoresch) un bis den 10.9. matt de Branchen an der ongefeirer Zuel vu Participants pro Branche souwei der Zuel vu Montées-Kandidaten.

An deem Fall geinge mir et och begréissen wann 1 oder 2 Cheffen vun iech sech op der Jdch an den Atelier 13 Montée a Verspiechen aschreiwen.