FNEL Seejomes
DβFNEL als asbl?
Am Moment si mir als FΓ©dΓ©ration Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg eng sou genannten Association de Fait. E mΓ©i oder manner labberen Zesummeschloss vun Leit a VerΓ€iner, deen existΓ©iert well dΓ©i Persounen sech einfach zesummegeschloss hun.
An deem SΓ«nn huet dβAssemblΓ©e GΓ©nΓ©rale vun der FNEL am Joer 2020, dem Arbeschtgrupp FNEL Seejomes den Optrag operluecht mΓ©iglech Pisten an dΓ©i dozou gehΓ©irend mΓ©iglech Statuten zβexplorΓ©ieren fir dβFNEL als ASBL ze constituΓ©ieren.
Den Aarbechtsgrupp, deen 2020 agesat gouf fir ze e Projet vun Statuten fir dβFNEL asbl auszeschaffen, huet seng Aarbecht Enn 2021 ofgeschloss, dβCoGro gouf am November 2021 informΓ©iert an dir krut 5 Texter geschΓ©ckt dΓ©i iech et ermΓ©igleche sollen iech e komplett Bild vun der Situatioun ze maachen.
Et sinn dat:
1 - ASBL Statuts avant-projet final
2 - Code dβorganisation avant-projet final
3 - Règlement juridictions avant-projet final
4 - Guide pratique avant-projet final
5 - RΓ©capitulatif nominations
De Guide pratique ass ganz wichteg fir dβΓnnerungen am Verglach zu den aktuellen Statuten ze verstoen.
Textes proposΓ©s par le Groupe de Travail Seejomes
DACKS GESTALLTE FROEN
Firwat wΓ«lle mir als FNEL eng Association sans but lucratif ginn? +
Juristesch SΓ©cherheet
Vun deem Moment un wou dβFNEL als asbl existΓ©iert sinn net mΓ©i eenzel Persounen responsabel mee dβasbl selwer als nei Juristesch Persoun. Sou laang et keen juristeschen Kader fir dβFNEL gΓ«tt sinn eenzel Leit mat hirem eegenen patrimoine gehale z.B.:
- bei engem Vertrag deen dβFNEL Γ«nnerschreift, sinn di Leit gehalen di hir ΓnnerschrΓ«ft drΓ«nner setzen (z.B. wann de Philippe oder de Raoul Γ«nnerschreiwen kann keen aneren agΓ©ieren an si 2 eleng sinn engagΓ©iert);
- am Fall vun engem Accident oder aneren Sinister (Feier oder Stuerm ...) sinn di Leit gehalen di responsabel waren fir den Event falls par impossible keng Assurance opkommen gΓ©ing;
- dΓ©i eenzel Memberen vun der association de fait sinn responsabel fir dβDecisiounen dΓ©i kollektiv an der association de fait geholl ginn;
- Dat selwecht gΓ«llt fir all aneren Gremium wei z.B. dβCoGro.
Di meescht Gruppen schΓ©ngen jo dovunner iwwerzeegt ze sinn, soss wieren si net selwer op dee Wee gaangen.
EegestΓ€nnegkeet
Den Statut vun der asbl erlaabt et der FNEL sΓ«lwer als entitΓ© juridique ze handelen, Kontrakter uerdnungsgemΓ©iss ofzeschlΓ©issen an als eegestΓ€nneg responsabel Persoun opzetrieden wat dβ Liewen vereinfacht (esou muss dβ Fondatioun net Γ«mmer a Projeten dΓ©i net zu hirem Objet gehΓ©ieren implizΓ©iert ginn wann een eng personnalitΓ© juridique fir ze Γ«nnerschreiwen brauch).
Duerch hir EegestΓ€nnegkeet kann dβasbl selwer Member gi vun aneren ASBLe an juristeschen Organisatiounen, si kann ouni dass een e Problem doranner kann gesinn Subsiden ufroen an krΓ©ien (z.B. fir EU Projeten).
Als asbl kann dβFNEL och selwer juristesch virgoen gΓ©int hir Vertragspartner oder Leit di der FNEL schueden. Dat ass als association de fait net mΓ©iglech.
Keng eegen Verantwortung vun den Gruppen als Member. Dβ Memberen vun enger asbl sinn duerch den Statut vun der asbl protegΓ©iert : hir ResponsabilitΓ©it ass limitΓ©iert op hir Cotisatioun an op di Suen di si der asbl ginn.
Keng persΓ©inlech ResponsabilitΓ©it vun den Memberen vun den FΓ©ierungsleit
Dβ Memberen an dβFΓ©ierungsleit sinn no baussen net persΓ©inlech responsabel fir dβ Engagementer vun der asbl (ausser am Fall vun engem graven Feeler oder eng strofrechtlech Dot).
Occasioun fir eng strukturΓ©iert intern Organisatioun an eng bonne gouvernance
Dat heescht an aneren Wieder, dass dβ FNEL duerch hiren neien Statut als entitΓ© juridique eng aner Wichtegkeet kritt an nach mΓ©i gefuerdert ass fir sech eng gesond intern Struktur ze setzen, mat z.B. folgenden Reegelen :
- Eng nach besser, transparent an responsabel Administratioun an Gestioun
- den conseil dβadministration (CoDir) als den Β« organe responsableΒ» visβΓ βvis vun den Gruppen als Memberen, muss Rechenschaft ofleeΓ«n an probΓ©ieren Interessekonflikter ze vermeiden an op alle Fall matdeelen,
- eng kloer Opdeelung vun den Aarbechten dΓ©i intern ausgefΓ©iert gi (KommiteeΓ«n/Aarbechtsgruppen mat kloren Missiounen) ass noutwendeg. Wat dΓ©i intern Organisatioun vun den Aarbechten ugeet si vill Konstellatiounen mΓ©iglech, dβ Gesetz lΓ©ist vill FlexibilitΓ©it zou.
MΓ©i Transparenz an kloer Kommunikatioun
wat dβFinanzgestioun an Interessekonflikter ugeet.
MΓ©i grouss Kontroll
z.B. fir den Respekt vun den WΓ€erter an den Engagementer vun den Gruppen an deenen hiren eenzelen Memberen ze assurΓ©ieren.
MΓ©i Vertrauen duerch mΓ©i StabilitΓ©it
ofgesΓ©chert duerch den juristeschen Kader fillen dΓ©i aktiv Leit sech nach mΓ©i motivΓ©iert kompetent no baussen opzetrieden an fir intern StabilitΓ©it an SΓ©cherheet vun der Associatioun ze suergen.
Gesonden βrisk managementβ
AschΓ€tzung an Agrenzung vun Risiko op verschiddenen Niveauen.
Wat wieren eventuell Nodeeler? +
Administrativen Opwand
Den Statut vun der asbl bedeit mΓ©i bureaucratie an administrativ Organisatioun d.h., Γ«nnert anerem,
- eng seriΓΆs KontenfΓ©ierung (wat mer schonns hunn);
- intern aktuell Datebanken (wat mer och schonns hunn);
- mΓ©i Dokumentatioun (z.b. bei der Delegatioun vun ΓnnerschrΓ«ften ...) ;
- Verflichtungen duerch dβ Gesetz fir als asbl unerkannt ze ginn an kennen ze handelen :
- VerΓ«ffentlechung vun den Statuten (vun deem Moment un besteet dβasbl) an vun all StatutenΓ€nnerungen;
- reegelmΓ©isseg VerΓ«ffentlechung vun der LΓ«scht vun den Gruppen di Member sinn an vun den Memberen vum organe de gestion (CoDir) vun der asbl FNEL beim GIE Luxembourg Business Registers (dat ass den organe gestionnaire vun den Datebanken vun den Gesellschaften an aneren juristeschen Persounen wie Associatiounen an Fondatiounen).
Well dΓ©i meescht Gruppen an der TΓ«schenzΓ€it selwer als asbl fonctionΓ©ieren, misst dat net wierklech en Problem duerstellen.
Donatiounen vun iwwert 30.000 Euro Γ«nnerleien verschidden Reegelen (ass bei Fondation AGGL-FNEL och de Fall)
Si mussen am Prinzip vum Minister de la Justice erlaabt ginn awer nΓ«mmen am Fall vun enger Donatioun dΓ©i NET iwwert Virement bancaire vun enger autorisΓ©ierter Bank an der UE geschitt.
Dβasbl als nei responsabel Persoun erliichtert dβVirgoen vun DrΓ«tten
Et gΓ«tt mΓ©i einfach fir gΓ©int FNEL virzegoen well si als asbl eng personne juridique ass. Dat sollt awer keen Probleem ginn. DβZil vun der FNEL soll et jo net sinn enger ResponsabilitΓ©it ze entkommen an sech hannert eenzel Persounen ze verstoppen.
OplΓ©isung vun der asbl
- Eng asbl kann duerch dβ Geriicht opgelΓ©ist ginn a schlΓ«mmen FΓ€ll, z.B. wann se dβ Gesetz oder dβ Statuten net respektΓ©iert, hir Engagementer net mΓ©i anhale kann, oder an aneren graven Situatiounen.
- Dβ OplΓ©isung vun der asbl kann duerch dβ Memberen gefrot gi (do ass awer am Prinzip eng MajoritΓ©it vun 2/3 gefuerdert soss muss et iwwert dβ Geriicht goen wann dβ Konditiounen net erfΓ«llt sinn).
- Am Fall vun enger OplΓ©isung muss den Patrimoine vun der asbl zu engem Γ€nlechen Zweck affektΓ©iert gi. Dβ Memberen hu keen Recht op dΓ«sen Patrimoine.
Firwat mussen dβ Gruppen eng asbl sinn fir Member vun der FNEL asbl kΓ«nnen ze ginn? +
Fir Member an enger asbl ze sinn muss een juristesch existΓ©ieren. Wann dat eng physesch Persoun ass, dann ass et normalerweis kee Problem well dΓ©i dann och juristesch existΓ©iert (si huet Rechter a Flichten). Fir awer den Donald Duck als Member vun enger asbl ze hunn, dat geet net. Wann elo e Grupp soll Member ginn an der asbl FNEL muss hien also och juristesch existΓ©ieren. E Grupp deen eng association de fait ass, existΓ©iert juristesch esou wΓ©ineg wΓ©i den Donald Duck. Dofir also d' Obligatioun sech als asbl ze constituΓ©ieren. Dat ass net terribel komplizΓ©iert (muss z.B. net beim Notaire gemaach ginn) an d' Obligatiounen dΓ©i een dann huet wΓ€erten am neie Gesetz, wat an der Maach ass, och vereinfacht ginn. D'FNEL huet och e Standard Model vun Statuten.
Wat geschitt mat den anere legale Strukturen (z.b. Fondation AGGLβFNEL, ONGDβFNEL asbl, an Les Amis de la FNEL asbl)?? +
NΓ€ischt. Dat eenzegt wat Γ€nneren soll ass fir aus der Federatioun eng juristesch Struktur ze maachen dΓ©i eng eegen juristesch PersΓ©inlechkeet an en Eegenliewen krΓ©ien. Dβ Iddie ass also NET fir un den bestoenden juristeschen Strukturen ronderΓ«m dβ FNEL eppes ze Γ€nneren. Am GΓ©igendeel. Si hunn all hiren eegenen Zweck an en Zesummeschloss gΓ©if eng enorm Iwwerfuerderung mat Aarbecht (haaptsΓ€chlech vum CoDir) vun der FNEL asbl bedeiten. Ganz wichteg dobΓ€i ass: esou bleiwen och di eenzel juristesch Strukturen finanziell onofhΓ€ngeg. Dat bedeit dass am Fall vun finanzielle Schwieregkeeten vun enger Struktur di aner Strukturen net impaktΓ©iert ginn. Et gΓ«tt also keen konsolidΓ©ierte Bilan gemaach.
Wat geschitt mat deenen FNELβs Gruppen dΓ©i nach keng asbl sinn oder net wΓ«llen Member an der neier asbl ginn? +
Et gΓ«tt natierlech keen gezwongen matzemaachen. Et muss awer all Grupp eng asbl sinn (aus deenen selwechte GrΓ«nn wie dβFNEL) fir dann Member an der asbl FNEL ze sinn. Et wier also wΓ«nschenswΓ€ert dass all dβ Gruppe schonns als asbl konstituΓ©iert wieren iert FNEL asbl gegrΓ«nnt gΓ«tt. Wann elo deen een oder aneren Grupp nach keng asbl wier an dβasbl FNEL gΓ©if scho bestoen, dann misst een eng provisoresch LΓ©isung ausschaffen fir dass och dΓ©i Gruppen op iergend eng ManΓ©ier mat der FNEL verbonnen wieren. Wann awer elo eenzel minoritΓ€r Gruppen gΓ©int den Projet asbl wieren dann misst een, am Fall wou den Projet asbl majoritΓ€r an definitiv gestΓ«mmt gΓ©if, mat den eenzelen Memberen (Persounen) vun deenen Gruppen dΓ©i bereet wieren matzemaachen eng LΓ©isung sichen.
ROADMAP
Decisioun vun der CoGro: De Vote vun der CoGro ass an der RΓ©unioun vum 18. Mee virgesinn.
Decisioun AssemblΓ©e gΓ©nΓ©rale FNEL : Dono muss dβAG am September (14.09.2022) zoustΓ«mmen an dβasbl dann och grΓ«nnen.
FNEL - JournΓ©e des Chefs, homeFNEL Cents, Septembre 2021.