EXplorer

1. Trimester

- Explorer Kachduell - Unité Pilote - Federal Aktivitéiten -


Häerzlech Wëllkomm am néien Scoutsjoer, mir hoffe dir hat eng formidabel Zäit um Federalscamp an och soss eng flott Summerpaus. Dir gesitt eis wei üblech ob den Federalevenementer, wéi d'AG an d'Journée des Chefs an mir freeën eis ob een gemeinsaamt Scoutsjoer mat iech.


Explorer Kachduell

Salut Explorer, een neit Scoutsjoer geet un, an domat start d´Kachduell an eng zweet Ronn. Den Oflaf gouf optiméiert a mir freeën eis schon op déi verschidden Kreatiounen déi sech d´Explorer ausdenken. 

Wéini:  Samschdes de 5.11.2022 um 14:00h um Fetschenhaff (Siège FNEL) an ass och do rëm um 21:00 eriwwer.
Umellen als Uniteit bis den 22.10.2022 op explorer@fnel.lu mat allen Informatiounen déi mir brauchen. 


Unité pilote

Déi aktuell Critèren vun der Unité Pilote fannt dir op Basecamp am Team 241-Explorerbranche, déi ginn den Ament awer iwwerschafft, se wäerten sech net grondleeënd ännere, dir kënnt iech also gäre un deene alen inspiréire. Wann elo Froen bei iech opkommen sinn mir natierlech via explorer@fnel.lu oder iwwer Basecamp Campfire mellen.


Aktivitéiten fir 2022/2023

Kachduell: 5. November

Sportsdag: 8. Januar

Raid: 6. Mee

Seefekëschtrennen: 7. Mee