Bosses & Bobos (ouni ACU)

Um Bosses et Bobos léieren all eis zukünfteg Cheffen a klengen Atelieren nom Prinzip vum „Learning by doing“ wat ze maachen ass am Fall vun engem Accident oder Noutfall, den Ëmgang mat Wonnen um Camp, en verantwortungs- an respektvollen Ëmgang mat ongewéinleche Situatiounen, Feierläschen, de Prinzip vum „Safety First“ an Präventioun op Scoutsaktivitéiten.

Fir wien ass d’Formatioun?

De Bosses et Bobos ass obligatoresch fir Formatiounskandidaten am 1. Cycle (ACU), mee et ka jiddereen, deen interesséiert ass, drun deel huelen - esou laang nach Platzen fräi sinn.