Woodbadge

Formatiouns-Commissariat huet decidéiert d’Woodbadge Formatioun net selwer ze organiséieren.

Mir encouragéieren awer all brevetéierte Chef d’unité sech op engem vun de sëllege Woodbadge-Campen am Ausland anzeschreiwen, wéi z.B. an der Belsch, Däitschland, Schwäiz, Éisträich an England.

Dëst erméiglecht dem Kandidat, eiser Federatioun an och dem Grupp nei Ideeën ze kréien an iwwert eisen Tellerrand ze kucken.

Heidrënner fënns de d’Fiche d’Inscription fir dech fir d’Woodbadge Formatioun unzemellen.

Fir weider Informatiounen, kontaktéier ons w.e.g.