Thema vum Joer - Weis mir dat!

Wärend der Pandemie wuer et net méiglech, de Wëllefcher eng normal Versammlung ze maachen. Dobäi vergësst deen een oder dat anert, wat de normale Scoutismus ass.
D’Thema vum Joer soll iech dobäi hëllefen, de Geescht vum Scoutismus zeréck an är Meute ze bréngen. Egal ob jonk oder al, jidderee kann engem aneren de Scoutismus bäibréngen an och weisen, wat e kann. Weis mir, wat Wëllefcher sinn! Weis mir, wat de Wëllefcherchef ass! Weis mir dat!
Dir kënnt Aktivitéiten sou gestalten, wéi dir mengt, datt et zum Thema passt. Beispillsweis eng Versammlung mat Beaver, wou d’Wëllefcher hinne weisen, wat si kënnen a wat si geléiert hunn. Oder d’Wëllefcher weisen dem Chef, wat si selwer mengen, wat de Scoutismus ass.
Kontaktéiert eis falls dir Iddie braucht oder eng méi detailléiert Erklärung.


SIXPLO

Den Don Luxo vu Lëtzebuerg invitéiert iech op seng Villa fir mat him den Sixplo ze feieren. Leider wäert hie selwer net vill dobäi sinn...

Den éischten Dag besteet aus villen Intrigen, Beschëllegungen a Bedruch. D’Sixer erkämpfen sech fir den nächste Kapp ze gi vun der krimineller Organisatioun mat der Hëllef vun hirer Mafia Famill.

Den nächsten Dag wäert et eng Kiermes gi wou mir all da feierlech de neie Kapp vun der Organisatioun gratuléieren. Dobäi mussen all Scoutsgrupp 1 Posten organiséiere fir d’Kiermes!

Wéini : 29. - 30. Abrëll 2023

Weider Informatioune kommen no.

Bloc Intégration
Ajoutez une URL d'intégration ou du code. En savoir plus

CM-Sortie

Mir hunn eis iwwerluecht dëst Scoutsjoer eng Aktivitéit z’organiséiere fir d’Wëllefcher-Cheffen.
Eng Sortie an de “Wolfspark Werner Freund” zu Merzig (DE) http://www.wolfspark-wernerfreund.de/

Wéini?
Op der Journée des Chefs hate mir fir den 19. Februar (Sonnden) ofgestëmmt. Dat ass eng Geleeënheet fir di aner Cheffen erëmzegesinn an fir ze kucken op di Aktivitéit eppes fir deng eege Grupp ass.

Du kanns dech scho pré-umelle fir dat mir d’Unzuel vun de Participante kënne schätzen.

https://forms.gle/9gYxsMJK5e6aRCmQ9

Dat doten ass keng definitiven Umeldung! Weider Informatioune kommen no.

Bonne Meute 2023 

Wéi ëmmer kann all Meute sech d’Joer iwwer engagéieren, fir dann um Pow-Wow d’Auszeechnung vun der “Bonne Meute” iwwerreecht ze kréien. Heifir ginn et nei Critèren. Mir freeën eis iwwer är Beiträg a Form vun engem Classeur, engem virtuellen Dokument, engem Basecamp Dossier, engem Film, asw. Ärer Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat. Falls eppes net kloer wier kënnt dir eis gären uschreiwen.

BONNE MEUTE 2023 


Den Delai heifir ass den 1. Juni 2023

Bloc Intégration
Ajoutez une URL d'intégration ou du code. En savoir plus