Stëmm vun der Strooss 2023

Wéi all Joer hëllefen d'Rover och dëst Joer erëm den 14. Dezember zu Bouneweg am Centre Culturel op der Chrëschtfeier vun der Stemm vun der Strooss.

Hei geet et drëm Mënschen deenen et net esou gutt geet e schéinen Dag an e bëssen Chrëschtdagsstemmung zu schenken.  

D'Feier wäert vun 10:30 bis 18:00 daueren, déi genau Auerzäit wéini mir do si fir ze hëllefe wäert iech am Viraus nach matgedeelt ginn. 

Umeldung

 Rover-Chrëschtpatt op der Rhum den 18. Dezember 2023

Des Joer gi mir an eng 2. Editioun vum Chrëschtpatt op der Rhum; eng flott BA an Zesummenaarbecht mat Servior.

Dono spendéiere mir als Equipe e waarme Patt um Fetschenhaff!
Invitatioun fir un är Rover weider ze ginn

Mellt iech bis den 11. Dezember iwwer folgende Link un:

Umeldung Rover Chrëschtpatt