Thema vum Joer – Weis mir dat!

Wärend der Pandemie wuer et net méiglech, mat de Scouten eng normal Versammlung ze maachen. Dobäi vergësst deen een oder dat anert, wat de normale Scoutismus ass.
D’Thema vum Joer soll iech dobäi hëllefen, de Geescht vum Scoutismus zeréck an är Grupp ze bréngen. Egal ob jonk oder al, jidderee kann engem aneren de Scoutismus bäibréngen an och weisen, wat e kann. Weis mir, wat Scouten sinn! Weis mir, wat de Scout ass! Weis mir dat!
Dir kënnt Aktivitéiten sou gestalten, wéi dir mengt, datt et zum Thema passt. Beispillsweis eng Versammlung mat Wëllefcher wou d’Scouten hinne weisen, wat si kënnen a wat si geléiert hunn. Oder d’Scouten weisen dem Chef, wat si selwer mengen, wat de Scoutismus ass.
Kontaktéiert eis falls dir Iddie braucht oder eng méi detailléiert Erklärung.

Patrull vum Joer 2023
Delai: 01. Juni
Krittäre fir d'Patrull vum Joer fannt dir hei

Patrull vum Joer

Dëst Joer wäert awer eppes Klenges sech änneren, an zwar kommen 3 Bonuspunkten derbäi. Déi 3 Punkte wäerten sech spezifesch op Eventer bezéien a wäerten sou gutt an den aktuelle Joresplang passen.
Änlech Punkte kommen och bei der Beaver an der Wellefchersbranche bäi, soudass Interbranchë Versammlungen encouragéiert ginn. D’Bonuspunkte gëllen als normal Critèrë fir d’Patrull vum Joer, mee wann een déi drai erfëllt, da kritt déi Patrull een eenzele Präis.

Folgend Punkte wäert déi sou genannte Bonuspunkte sinn :

  • Bastel mat denger Patrull eng nohalteg Wanterdekoratioun am beschten aus Naturmaterialien.

  • Bastel ee Meekranz fir däi Chalet

  • Mach eng Versammlung oder Sortie am Thema Beien (Blummewiss seien, Imker besichen, Gänsespill,…)

Fir all eis Bréiwer mat den Informatiounen vum Joer KLICKT HEI