Mir hëllefen op der WanterAktioun 2019!

Maach eng BA an hëllef der Croix Rouge bei hierer Wanteraktioun vum 1.12-31.3! Et geet drëms Sans-abris’en waarmt Iessen auszedeelen an d'Spull hannert den Kulissen ze maachen.

 

Konditiounen:

  • Du muss mindestens 18 Joer hun

  • D'Auerzaiten sen ëmmer 11:30-14:30

  • D’Adress ass 22, Dernier-Sol zu Bouneweeg

  • Et kennen sech ëmmer nëmmer 4 Leit fir eng Schicht aschreiwen

  • D'Tâchen gin op der Plaz verdeelt (Service oder Spull)

  • Do dech warm un an breng keng Wäertsaachen mat

  • Wanns de dech am Doodle ageschriwwen hues, bass de FIX ugemellt an mir zielen op dech!

  • Wanns de op dem Daag wous de dech ageschriwwen hues, krank solls sinn oder awer net kommen kanns, informéier esou séier wéi méiglech d'Croix rouge fir dass sie en Ersatz fannen kennen. (wak@croix-rouge.lu)

  • Deadline ass den 5.12.

Fir d’Umeldung:

https://doodle.com/poll/ik7eg6tug7uk93tg

Philippe Berscheid