SCOUTS for SDGs

“Try to leave the world a little better than you found it”

Lord Robert Baden-Powell

Dat waren dem Lord Baden Powell seng Wierder a sengem leschte Bréif un d’Scouten.

Domat huet hien eis all opgefuerdert, all Dag eppes Guddes ze maachen, Fridden an der Welt ze fuerderen an eist Liewen um Planéit méi nohalteg ze gestalten. Mir maachen dëst als Scouten sécherlech onbewosst an eisem Alldag, all Woch an eise Reuniounen, mee och mat Projeten, déi iwwert déi Alldagsaktivitéiten eraus ginn.

D’UNO huet am Joer 2016 déi 17 wichtegst Ziler fir eng Verbesserung vun eiser Welt bis 2030 publizéiert an un deenen SDG (Sustainable Developpment Goals) schaffe mir alleguerten all Moment als Scout, ouni eis et bewosst ze sinn. Dëss Ziler vun der UNO sinn och eng vun den zentralen Achsen, déi beim Projet Zesumme Wuessen sollen ëmgesat ginn, fir esou de Scoutismus nach méi visibel a kloer mat de weltwäiten, nohaltegen Ziler ze vernetzen. 50 Millioune Scouten a Guide weltwäit kënnen zesummen eppes bewierken!

Dofir soll all Scout op der Internetsäit: https://sdgs.scout.org seng kleng BAen aus dem Alldag oder Scoutsliewen publizéiere fir zesummen eisen Deel bei där gréisster, koordinéierter Jugendcontributioun zu den SDGs ze weisen. De Plang ass, fir 2 Millioune lokal Projeten an 3 Milliarde Stonnen zesumme fir eng besser Welt ze schaffen. Mir sinn elo, bei ongeféier 1,5 Milliarden Aarbechtsstonnen an mir, als Scouten vun der FNEL kréien do sécherlech nach vill Stonnen zesummen!

Dofir drot är Projeten op der Plattform an a sidd en Deel vun enger enormer Beweegung an gitt en Deel vun den Haaptakteuren bei der Realisatioun vun dësen esou wichtegen Ziler.

sdg contribution.PNG
scoutsforsdg.PNG
Philippe Berscheid