ENG | FR | LU
Together creating a better world
IMG_392BE7F7B9C2-1.jpeg

FORMATIOUN 2025 - 2026

FORMATIOUNeN

 

klick op d’Formatioun dΓ©i dech interessΓ©iert

 
 
 

DΓ©marquez-vous

WΓ©i mellen ech mech fir eng Formatioun un?

How to register for my training? Comment m’inscrire pour ma formation?


Ech fΓ«llen bis den 14. September 2025 folgende Google Forms aus, a bezuelen am Formatiouns-Shop.

I fill out the Google Forms until September 14th and I pay via the FNEL SHOP button to secure my spot.

Je rempli le formulaire jusqu’au 14 septembre et je paye ma formation en cliquant sur le boutton FNEL SHOP.

Forms
FNEL SHOP

-> ErΓ©ischt wann d’Formatioun bezuelt ass, sinn ech definitiv ugemellt.

-> My registration is only confirmed once the training fee is paid for.

-> Je suis inscrit(e) définitivement uniquement après le paiement de la formation

*

No denger Umeldung kriss du eng BestΓ€tegung a weider Informatioune per Mail geschΓ©ckt.

After your registration, you will receive a confirmation and further information by email.

Après ton inscription, tu recevras une confirmation et des informations supplémentaires par e-mail.

*

Ofmeldung Formatioun

Opgrond vun der hΓ©ijer Unzuel u Formatiounskandidaten an der domat verbonnener Organisatioun ass all Umeldung definitiv

Annulation de la formation

En raison du nombre Γ©levΓ© de candidats Γ  la formation et de l’organisation que cela implique, toute inscription est dΓ©finitive.

Cancellation

Due to the high number of training candidates and the related organisational requirements, all registrations are final.

*

Opgepasst!

E Remboursement vun de Frais de participation bei enger Ofmeldung vum Tronc spécifique oder bei enger Ofmeldung vum Tronc commun oder vum Bosses et Bobos, manner wéi 1 Mount virum Event, ass just géint Virlag vun engem Àrztlechen Attest oder an anere begrënnten außergewéinleche FÀll méiglech.

Attention!

En cas d’annulation de la participation au tronc spΓ©cifique ou en cas d’annulation de la participation au tronc commun ou au Bosses et bobos moins d’un mois avant l’évΓ¨nement, un remboursement des frais de participation ne pourra avoir lieu qu’en cas de prΓ©sentation d’un certificat mΓ©dical ou d’autres cas exceptionnels dΓ»ment motivΓ©s.

Attention!
In case of cancellation of participation in the specific module (tronc spΓ©cifique), or cancellation of participation in the common module (tronc commun) or Bosses et Bobos less than one month before the event, a refund of the participation fee will only be granted upon presentation of a medical certificate or in other duly justified exceptional cases.

 


Remboursement - Frais de formation

Um Site vum SNJ fΓ«nns du de Formulaire fir deng Formatioun’s KΓ€schte remboursΓ©iert ze krΓ©ien, klick dofir op dΓ«se Link. Conditiounen: seit engem Joer aktiv am Grupp sinn.

On the SNJ website, you’ll find the form to get a refund of your training costs β€” just click this link.
Conditions: You must have been active in your group for at least one year.

Sur le site du SNJ, tu trouveras le formulaire pour te faire rembourser les frais de ta formation β€” clique sur ce lien.
Conditions : Être actif(ve) dans ton groupe depuis au moins un an.

 
 

Hues du nach eng Fro?

FAQ
 
52020bda.png

Cheffe - FOrmatioun

Assistant Chef d’UnitΓ©

Ab  16 Joer am Ufank vum Scoutsjoer (01/09)

1.Cycle vun der Cheffeformatioun – 150 Stonnen insgesamt - Brevet B (SNJ)

  • Tronc commun

  • Bosses & Bobo

  • Tronc spΓ©cifique (je no Branche)

Konditioun: engagΓ©iert als Chef an enger Branche

PAF (all incl): 180€

 

TRONC COMMUN WE:

  • SA 25. - SO 26. Oktober 2025 um MisΓ€ershaff oder

  • SA 15. - SO 16. November 2025 um MisΓ€ershaff oder

  • SA 22. - SO 23. November 2025 um MisΓ€ershaff

BOSSES ET BOBOS WE :

  • SA 28. Februar - SO 01. MΓ€rz 2026

  • SA 14. - SO 15. MΓ€rz 2026

  • SA 18 - SO 19. AbrΓ«ll 2026

TrONC SpΓ©cifique

ACC (Beaver)

  • Weekend: 10.-11. Oktober 2025 an der GΓ©isserei

  • Camp : 02. - 04. November 2025 zu IerpeldΓ©ng

ACM (WΓ«llefcher)

  • WE: 18. - 19. Oktober 2025 an der GΓ©isserei

  • Camp : 02. - 05. November 2025 um Colmar-Bierg

ACT (Scouten)

  • SoirΓ©e: 10. Oktober 2025 am Home vun den Aigles

  • Camp : 01. - 04. November 2025 um MisΓ€ershaff

ARUE (Explorer)

  • SoirΓ©e: 10. Oktober 2025 am Home vun den Aigles

  • Camp : 01. - 04. November 2025 um MisΓ€ershaff

Umellen/ Inscription

 Chef d’UnitΓ©

Ab  17 Joer am Ufank vum Scoutsjoer (01/09)

2.Cycle vun der Cheffeformatioun – 150 Stonnen insgesamt - Brevet C (SNJ)

  • Tronc commun

  • Tronc spΓ©cifique (je no Branche)

  • ActivitΓ© FΓ©dΓ©rale

Konditioun: engagΓ©iert als Chef an enger Branche a mat Erfolleg den Assistant Chef d’UnitΓ© gemaach hunn

PAF (all incl): 180€

TRONC COMMUN WE:

  • SA 25. - SO 26. Oktober 2025 um MisΓ€ershaff oder

  • SA 15. - SO 16. November 2025 um MisΓ€ershaff oder

  • SA 22. - SO 23. November 2025 um MisΓ€ershaff

BOSSES ET BOBOS WE :

  • SA 28. Februar - SO 01. MΓ€rz 2026

  • SA 14. - SO 15. MΓ€rz 2026

  • SA 18 - SO 19. AbrΓ«ll 2026

TrONC SpΓ©cifique

CC (Beaver)

  • Weekend: 10.-11. Oktober 2025 an der GΓ©isserei

  • Camp : 02. - 04. November 2025 zu IerpeldΓ©ng

CM (WΓ«llefcher)

  • WE: 18. - 19. Oktober 2025 an der GΓ©isserei

  • Camp : 02. - 05. November 2025 um Colmar-Bierg

CT (Scouten)

  • SoirΓ©e: 10. Oktober 2025 am Home vun den Aigles

  • Camp : 01. - 04. November 2025 um MisΓ€ershaff

RUE (Explorer)

  • SoirΓ©e: 10. Oktober 2025 am Home vun den Aigles

  • Camp : 01. - 04. November 2025 um MisΓ€ershaff

Umellen/Inscription

 FORMATION POUR ADULTES - ACU AN CU

DËS FORMATIOUN ASS EWÉI DEN NUMM ET SEET, FIR ERWUESSENER DÉI SECH NET KËNNEN AN DE SCHOULVAKANZE FRÄIHUELEN.

Op engem gemeinsamen Owend am Ufank vum Joer gëtt fir all Kandidat eenzel e Curriculum festgeluecht dee seng aktuell Scouts-, Schoul- an professionell Carrière berécksiichtegt.

Du kriss ee Portfolio fir deng Dokumenter ze klassΓ©ieren an du bass selwer responsabel fir dΓ€i Formatiounsparcours ze beleeΓ«n .

Bei Froen; maach eng Mail un Formation Adulte

Mail un Formation Adulte
Umellen/ Inscription

 Bosses & Bobos (ouni ACU)

Um Bosses et Bobos lΓ©ieren all eis zukΓΌnfteg Cheffen a klengen Atelieren nom Prinzip vum β€žLearning by doingβ€œ wat ze maachen ass am Fall vun engem Accident oder Noutfall, den Γ‹mgang mat Wonnen um Camp, en verantwortungs- an respektvollen Γ‹mgang mat ongewΓ©inleche Situatiounen, FeierlΓ€schen, de Prinzip vum β€žSafety Firstβ€œ an PrΓ€ventioun op ScoutsaktivitΓ©iten.

Fir wien ass d’Formatioun?

De Bosses et Bobos ass obligatoresch fir Formatiounskandidaten am 1. Cycle (ACU), mee et ka jiddereen, deen interessΓ©iert ass, drun deel huelen - esou laang nach Platzen frΓ€i sinn.

Γ©ischt Klass

Wells du dΓ©ng Scouts Kenntisser verdΓ©iwen an Saachen lΓ©iren dΓ©is du oft net am Grupp gesΓ€is?

Konstruktiounen – Hike – FeierdΓ«sch – Patrulleliewen –

Du wΓ«lls mΓ©i driwwer wΓ«ssen, wat dΓ©ng Patrull alles op d’Been stelle kann?

Dann ass dat dΓ©i richteg Formatioun fir dech.

Umeldung : DΓ€i Gruppechef/Truppechef schΓ©ckt dir ee Link fir e Google Forms auszefΓ«llen

AktivitΓ©it : Een Camp an der Ouschtervakanz ( 03 AbrΓ«ll - 06 AbrΓ«ll 2026) um MisΓ€rshaff, verlangt sinn 100 % PrΓ€senz

KrittΓ€ren:

  • Zweet Klass

  • Aktiv an der Scoutsbranche matschaffen

  • Umellen fir den Scoutsblog mat sΓ©nger Patrull

  • AusfΓ«llen vum Forms


 Explorerbrevet

Den Explorer-Brevet ass fir all Explorer, deen zesumme mat aneren UnitΓ©iten e spannende Camp erliewen wΓ«ll an dobΓ€i och nach eng flott Entreprise wΓ«ll duerchfΓ©ieren.

Du kanns dech eleng umellen oder zesummen mat aneren Leit aus denger UnitΓ©it.

Op iech waarden Survival, Biwaken, Spaass an Spannung an natierlech kΓ«nnt dir hei och eegen Iddien mat abrΓ©ngen.

WΓ©ini ? den 28. MΓ€rz - 01. AbrΓ«ll 2026

Umeldung? DΓ€i Gruppechef oder RUE schΓ©ckt dir ee Link fir e Google Forms auszefΓ«llen.


weider Formatiounen

Masterclass

WËLLS DU DÉI VOLL DOSIS LEADERSHIP KRÉIEN ?

Bass du Assistant Chef de Groupe, Chef de Groupe, Commissaire, Equipe-respo oder spills mam Gedanken et nΓ€chst Joer ze ginn ?

DΓ«s Formatioun fΓ«nnt dΓ«st Joer och Γ«rem am Norde vum Land statt.

Datum: 18. - 19. AbrΓ«ll 2026

Unzuel vun de Participanten ass op 12 Leit begrenzt !

2 Themenowenter : Datum gΓ«tt no der Umeldung matgedeelt

(Assurancen, Protection de l’enfance, Subsiden-Reglementer-Legalen Kader)

Personnaliseiereten Coaching iwwert dat ganzt Joer

PAF : 150€

Umellen/ Inscription

 Formation pour formateurs

Wann s du d’Formation pour Formateurs bestanen hues, kriss du de Brevet  F vum SNJ. Du lΓ©iers wΓ©i s du als Formateur dΓ€i WΓ«ssen am Beschten un eis zukΓΌnfteg Cheffen viru vermΓ«ttele kanns.

Fir wien ass d’Formatioun?

Fir all Formateur an der FNEL

Wat muss ech maachen ?

  • Ech hunn de Brevet C – Animateur (Chef d’unitΓ© – CC,CM, CT, RUE) sΓ€it minimum 2 Joer

  • Formatioun beim SNJ 

  • aktiv Preparatioun/Participatioun un de FormatiounsaktivitΓ©iten

  • Deel an enger Formatiounsekipp

IntreressΓ©iert? dann mell dech iwwert den Forms (klick) un.

Du muss dech selwer beim SNJ umellen. Kuck reegelmΓ©isseg am Agenda (klick) vum SNJ ob d’”Formatioun pour Formateurs” schon am Kalenner steet a schreif dech an. Schreif an d’Remarque Feld β€œFNEL”.


 Woodbadge

Formatiouns-Commissariat huet decidΓ©iert d’Woodbadge Formatioun net selwer ze organisΓ©ieren.

Mir encouragΓ©ieren awer all brevetΓ©ierte Chef d’unitΓ© sech op engem vun de sΓ«llege Woodbadge-Campen am Ausland anzeschreiwen, wΓ©i z.B. an der Belsch, DΓ€itschland, SchwΓ€iz, Γ‰istrΓ€ich an England.

DΓ«st ermΓ©iglecht dem Kandidat, eiser Federatioun an och dem Grupp nei IdeeΓ«n ze krΓ©ien an iwwert eisen Tellerrand ze kucken.

Fir weider Informatiounen, kontaktΓ©ier ons w.e.g.

 Assistant Chef d’UnitΓ© - ACU/Brevet B*

Wat sinn d’KrittΓ€re fir de Brevet B ze krΓ©ien?

1x Tronc commun Weekend (Theorie)

1x Tronc spΓ©cifique SoirΓ©e oder Weekend fir sech kennenzelΓ©ieren

1x Tronc spΓ©cifique Camp (4 Deeg)

2x Travaux pratiques

Engagement am eegene Grupp

1x Bosses et Bobos (Cour d’initiation Γ©ischt HΓ«llef)

Mat dΓ«sem Brevet dΓ€erf de Kandidat bei der FNEL selwer Versammlungen halen an anere Chefs d’UnitΓ© assistΓ©ieren.

DΓ«se Kandidat dΓ€erf nach net Responsabel si fir AktivitΓ©ite mat Iwwernuechtung, ausser fir sΓ€i Formatioun’s TP.

Chef d’UnitΓ© - CU/Brevet C*

Wat sinn d’KrittΓ€re fir de Brevet C ze krΓ©ien?

1x Tronc commun Weekend (Theorie)

1x Tronc spΓ©cifique SoirΓ©e oder Weekend fir sech kennenzelΓ©ieren

1x Tronc spΓ©cifique Camp (4 Deeg)

2x Travaux pratiques

Engagement am eegene Grupp

1x ActivitΓ© fΓ©dΓ©rale (Preparatioun a Participatioun)

Mat dΓ«sem Brevet an ab 18 Joer dΓ€erf de Kandidat selwer responsabel si fir AktivitΓ©iten, mat an ouni Iwwernuechtung, am In-/Ausland.

Mir verlaangen 100% Presenz.

Deen Datum deen de Kandidat eraus wielt fir den Tronc Commun an de Bosses et Bobos ka net gerΓ©ckelt ginn.

Sollt e Problem sinn erwaarde mir dass de Kandidat sech am viraus bei eis mellt an da fanne mir zesummen eng LΓ©isung.

SelbstverstΓ€ndlech ass de Kandidat selwer fir seng Formatioun responsabel.

(Kontakt : formation@fnel.lu)

Kommunikatioun mam Kandidat :

De Kandidat mellt sech via Google Forms un. Hei soll hien seng an engem Elteren Deel seng Email’s Adress uginn. Dir kritt duerno de RΓ©capitulatif per Email geschΓ©ckt a gesitt wΓ©i eng Datumer eraus gewielt gi sinn.

De Kandidat kritt eng Email vun eis fir sech an der App β€œBasecamp” un ze mellen.

Hien kritt souwuel hei wΓ©i och per Email dΓ©i nΓ©ideg Informatioune fir dΓ©i verschidde Formatioun’s AktivitΓ©iten.

Huet de Kandidat nach keng Infoe kritt, dann zΓ©ckt net fir iech bei eis ze mellen.

Datumer fir dΓ©i verschidden AktivitΓ©iten fann dir op dΓ«sem Site Γ«nnert dΓ«sem Link.

To Do’s fir d’Elteren:

  • Datumer an de Kalenner schreiwen

  • PAF bezuelen (Participation aux frais)

  • SΓ©cherstellen dass d’Fiche mΓ©dicale am DΓ©lai dobannen ass

Merci dass dir zesumme mam Grupp d’Kandidaten Γ«nnerstΓ«tzt.

*DΓ«sen Diplom ass staatlech unerkannt a gΓ«tt subventionΓ©iert vum SNJ.

β€”β€”β€”

Assistant Chef d’UnitΓ© - ACU/Brevet B*

Quelles sont les critères pour le brevet B?

1x Tronc commun Weekend (thΓ©orie)

1x Tronc spΓ©cifique SoirΓ©e ou Weekend pour faire la connaissance des autres

1x Tronc spΓ©cifique Camp (4 jours)

2x Travaux pratiques

Engagement dans le propre groupe

1x Bosses et Bobos (Cour d’initiation aux gestes de premiers secours)

Avec un tel brevet, le candidat peut organiser ses rΓ©unios, soirΓ©es et assister Γ  toutes les activitΓ©s des autres chefs d’unitΓ©.

Cependant, il ne peut pas encore Γͺtre responsable pour des activitΓ©s avec nuitΓ©es, sauf pour son TP de la formation.

Chef d’UnitΓ© - CU/Brevet C*

Quelles sont les critères pour le brevet C?

1x Tronc commun Weekend (thΓ©orie)

1x Tronc spΓ©cifique SoirΓ©e ou Weekend pour faire la connaissance des autres

1x Tronc spΓ©cifique Camp (4 jours)

2x Travaux pratiques

Engagement dans son propre groupe

1x ActivitΓ© fΓ©dΓ©rale (preparation et participation)

Avec un tel brevet et Γ  partir de 18 ans, le candidat peut Γͺtre responsable pour ses activitΓ©s, avec et sans nuitΓ©es, national ou international.

Nous demandons une prΓ©sence de 100%.

La date choisie pour le tronc commun et le bosses et bobos ne peut pas Γͺtre changΓ©e.

En cas de problème, le candidat est prie de bien vouloir nous contacter bien en avance afin que nous puissions trouver une solution ensemble.

Evidemment, le candidat sera responsable pour sa propre formation.

(contact : formation@fnel.lu)

Communication avec le candidat :

Le candidat s’inscrit Γ  la formation via Google Forms. Il indique les adresses mails de soi-mΓͺme et de ses parents. Vous recevrez par la suite un rΓ©capitualtif de l’inscription et des dates choisies.

Le candidat reΓ§oit Γ©galement un mail avec un lien pour s’inscrire sur Basecamp, une App pour communiquer avec des plus grands groupes.

Toutes les informations concernant les activitΓ©s diverses de la formation vont Γͺtre transmises par Basecamp et par mail aux candidats.

Au cas ou le candidat n’a rien reΓ§u, merci de nous contacter le plus vite possible.

Vous trouvez toutes les dates pour les activitΓ©s sur ce site en cliquant sur le Link.

To Do’s pour les parents:

  • marquer les dates dans le calendrier

  • payer la PAF (Participation aux frais)

  • s’assurer que la fiche mΓ©dicale sera envoyΓ©e dans le dΓ©lai.

Merci d’apporter soutien, ensemble avec le groupe, aux candidats dans leur formation.

*Ce diplΓ΄me est reconnu par l’Etat et subventionnΓ© par le SNJ.

β€”β€”β€”